Eng schéin Blum.

ArtBookEng ganz schéin Blumm, déi’s Du ganz schéin festgehal hues an déi’s Du hei mat jidderengem deels. Merci dofir ❤️👍

Een schéinen Schiet am Besch.

ArtBookDu gess jo emmer méi kréativ !!!! Schéin an d’Bild gesat mam Schiet vum Baam deen des Kompositioun komplett dominéiert. Du bass amgaangen ganz grafesch ze "spillen" mat den Formen. Nach sou artistesch Fotoen !!!!

MoniqueMerci

Eng schéin Krokusblumm.

ArtBookWouauw, immens flott Kompositioun a Farwen, et Haptmotiv kennt ganz kloer eraus, et Bildqualitéit ass och tiptop a get och emmer besser. Du hues schon eng Reih vu ganz flotten Fotoen, déi's Du hei drop gesat hues an brengs et färdeg een awer emmer ze iwwerraschen. 👍

Een Dag an der Natur

ArtBookGénial Lucht, bravo, genau richteg agefangen, immens Stëmmung, et huet een richteg Loscht mat dobei ze sinn. Et ass eng wirklech flott Spannung duerch d’Sonn jüst virum Ennergoenen an et huet een Loscht nach alles ze gesinn ee se fort ass… Dobei kennt eng ganz gutt gefillten Bildkompositioun mat den Beem an eng Flore am Virgrond wou sou interessant beliicht ass, dass een alles wëll mam Bléck erforschen. ❤️👍

Eng Bei op enger Blum. 🐝 🌼

ArtBookDat hues Du schéin hikritt, wat schon guer net sou évident ass an och nach proper op d’Diagonal kadréiert. Och et Farwen sinn do ganz glécklech zesumme komm. Wann do nach méi Lut déi nächsten Kéier ass, dann get d’Foto och méi détailléiert a nach méi scharf. Du probéiers dat doen nach bestemmt méi wéi ee Mol. All Respekt, dass Du do rechtzäiteg réagéiert hues.

ArtBook@Monique Du kanns lo wanns Du äntwers en "@" maachen an dann kriss Du eng Lëscht, wou's Du deen wou's Du schreiwen wells, kanns auswielen 🙂.

Aus dem Besch. 🍄

ArtBookOp den 1. Bléck mengt een bal Du häs en klengt Duerf font, well et sou ausgesäit wéi wann do e puer Diercher vun stréien Hütten wieren... Op den 2. Bléck erkennt een et Champignons'en an et bewonnert een wéi d'Natur sech virun Reen an Sonn schützen kann. Du bréngs et färdeg, dass een sech fir eng Plaatz interesséiert, wou een normalerweis einfach nemmen soss laanscht treppelt. 😁👍

Et ass Hiescht. 🍄

ArtBookFlotten interessanten Plang am Virgrond mat den Champignon’en, ganz spannend vun ennen licht erop kadréiert an duerch den Hannergrond gesäit dann dat ganzt aus wéi fir en Film inszénéiert. Duerch déi Spannung wirkt d’Motiv am Virgrond nach méi grouss an och duerch déi gutt détailléiert Belichtung kuckt een nach e puer Mol alles méi genau un. Genau sou fängt een den Betrachter an d”Foto eran. 😉👍

MoniqueMerci!!!

Sonnenstrahlen 🌞

ArtBookEt gesäit een, dass Du et Natur gären hues an Du hues do eng immens flott Stëmmung an den Bësch bruet mat dengen Sonnenstrahlen. Merci fir den flotten a besonnegen Moment hei mat eis ze deelen. ❤️👍

MoniqueMerci!❤️

Drëpsen op der Blum.

ArtBook
Wouaw, fir sou eppes op Foto fest ze halen, muss een mol fir d’éischt et Fähegkeet hunn fir et ze gesinn ! Dono muss een wëssen wéi en et cadréiert, vu wéi enger Säit een et fotograféiert, fir déi richteg Luut drop ze kréien. Et muss och farwlech stëmmen, den Hannergrond därf net ze stéieren, souguer am Beschten eppes zum Motiv beidroen fir ében eng besonneg Stëmmung eriwwer ze bréngen. Dann muss et Foto do scharf sinn wou se et och soll sinn an se muss wa méiglech vill variéiert an interessant Détailer weisen fir, dass een se emmer erem well kucken. An hei klappt dat, bravo ! ❤️👍

Sonneblum 🌻

ArtBookImmens interessant mam Bléck ze erforschen an eng Profiqualitéit wat et Opléisung ugeet; en neien iPhone ? 🤭😉👍👍👍

MoniqueMerci 🙏

Photo Albums

No Albums